Ëffnungszäiten
Méinden – Freideg: 09:00–18:30
Samschdeg: 09:00–18:00
Kontakt
8002 8004
contact.telecom@post.lu
https://www.post.lu/fr/particuliers
POST Luxembourg
POST Luxembourg heescht Iech vun Méinden bis Samschdeg wëllkomm a stellt Iech seng Télécom-, Finanz- a Postservicer vir.
Telecom Servicer
POST Telecom bitt Iech eng breet Auswiel u modernsten mobilen Apparater: Smartphones, Laptops a Tablet-PCen, souwéi mobil Offeren, déi un Är Besoinen ugepasst sinn. Sicht Iech och dat passend Accessoire aus eiser grousser Auswiel eraus.
Dir fannt hei eng komplett Offer fir Är Besoinen u Festnetztéléphonie, Internet a TV. Mat POP profitéiert Dir vun Ultra High-Speed Internet. Mat POP TV profitéiert Dir vun de villen Avantagen: eng grouss Auswiel vu méi wéi 24.000 VOD, iwwer 400 TV-Kanäl, innovativ Fonctionnalitéiten, Applikatiounen, Radiokanäl a vill méi.
Postservicer
POST Courrier offréiert Produkter a Servicer fir den Versand vun Äre Bréiwer a Paketen. Dir fannt hei PostPack- an Ready2Post-Verpakungen, Timbere an aner Servicer. Déi nei Gamme Ready2Post ass scho viraffranchéiert fir Är Sendungen am Lëtzebuerg an Europa … also kee Besoin fir zousätzlech Timbere.
Mat PostPack gitt Dir Äre Sendungen e stilvollen Touch an Dir kënnt d’Verpakung auswielen, déi am beschte bei Äre Besoin passt. D’Affranchéiere geschitt no Gewiicht, Dimensiounen a Destinatioun. Aner Servicer wéi recommandéiert Bréif, Ofhuele/Ofginn vun engem Pak, Sendungsverfolgung, asw. sinn natierlech och disponibel.
Finanzservicer
POST Finance erlaabt Iech verschidde finanziell Transaktiounen ze maachen, wéi d’Depôt- an d’Retractioune vun engem eboo-Kont, Iwwerweisungen, souwéi Debit- a Kreditkaarten. Kommt eis gären an eisem Verkafspunkt besichen. Fannt och all Informatiounen iwwer eis Offeren op post.lu.